Déi 3-fach Grammy-Gewënnerin huet weltwäit méi wéi 80 Millioune Singelen a Albume verkaaft.

Déi kolumbianesch Sängerin a Musekerin huet d'Rechter vun 145 Lidder vun him un d'Investmentfirma Hipgnosis Songs Fund zu London verkaaft. Zu senge gréissten Hits gehéiere Lidder wéi „Hips Don’t Lie“ oder „Underneath Your Clothes“. Domadder geet d'Shakira de selwechte Wee wéi den Neil Young oder de Bob Dylan, déi och d'Rechter vun hire Lidder verkaaft hunn.

Grond dofir dierft wuel och d'Covid-Kris sinn, déi jo virun allem dofir gesuergt huet, dass d'Concerten 2020, an domadder vill Geld, ewechgefall sinn.

D'Shakira selwer huet erkläert, dass seng Lidder, soubal se weltwäit un d'Ëffentlechkeet ginn, net méi him géife gehéieren, ma all deenen, déi d'Lidder wäertschätzen. Hipgnosis wier "e gutt doheem" fir de Katalog un de Lidder, esou d'Sängerin.