E lukratiivt Geschäft huet de fréiere Besëtzer vun engem Comic-Heft gemaach, dat aus dem Joer 1940 staamt.

Deemools gouf et fir en erschwéngleche Präis vun ëmgerechent 10 Cent kaf. Elo, 80 Joer méi spéit, huet de Batman-Comic de Besëtzer fir iwwer 1,8 Milliounen Euro gewiesselt.

Domat gouf en neie Rekord op d'Bee gestallt: Nach ni virdrun huet e Sammler esou vill Sue fir e Batman-Heft ausginn. Am November gouf de Comic "Detective Comics #27" aus dem Joer 1939 fir ganzer 1,5 Milliounen Dollar versteet.

Wien de gléckleche Besëtzer ass, ass net gewosst. De Keefer wollt anonym bleiwen. Hie war allerdéngs net den eenzegen Interessent. Iwwer eng zwou Dose Persounen haten zanter Mëtt Dezember fir dës Ausgab gesteet an de Präis ëmmer méi an d'Luucht gedriwwen.