Am Alter vun 93 Joer ass de bekannten US-Schauspiller zu Woodland Hills gestuerwen.

Dat mellt d'Promizäitschrëft "Deadline". Iwwer 60 Joer stoung de Peter Mark Richman virun der Kamera an huet an enger Hellewull bekannte Produktioune matgespillt. Dorënner d'Serie "Denver Clan", "Star Trek: The Next Generation", "Beverly Hills, 90210" an "Knight Rider". A senger ganzer Karriär ass hien an iwwer 500 Filmer an TV-Serien opgetrueden.

Säin Duerchbroch ass him am Joer 1956 mat senger Roll als William Wylers  am Film "Friendly Persuasion" gelongen.