Et ass eng Nouvelle, op déi vill Serië-Fans gewaart hunn: D'Phoebe, den Joey, d'Monica, den Chandler, d'Rachel an de Ross sinn nees vereent.

Wéinst der Corona-Pandemie hunn d'Dréiaarbechte méi spéit ugefaange wéi geplangt. Ugangs war Mee 2020 virgesinn, am November hat de Matthew Perry dunn awer ugekënnegt, dass een net viru Mäerz 2021 kéint lassleeën. Elo ass et awer offiziell: Déi éischt Zeene goufe scho gefilmt. Dat huet d'Lisa Kudrow (Phoebe) am Podcast "Literally!" erzielt.

Déi leschte Kéier, dass d'Jennifer Aniston, d'Courteney Cox, d'Lisa Kudrow, de Matt LeBlanc, de Matthew Perry an den David Schwimmer zesumme virun der Kamera stoungen, ass 15 Joer hier.

Anescht wéi bei de klasseschen HBO-Produktioune musse sech d'Acteuren net un e fest Dréibuch halen. Ob déi 6 nach hir Rollen am Blutt hunn, wäert sech weisen. D'Fortsetzung vun der Sitcom gëtt an deem selwechte Studio gedréit, wou och schonn d'Original-Serie aus den 90er an 2000er gefilmt gouf. Diffuséiert ginn déi nei "Friends"-Folgen um Streamingdéngscht HBO.