Zanter dem 11. Januar däerf och d'Kultur hei zu Lëtzebuerg nees schaffen.

An och d'Kinoen hunn zanter e Mëttwoch hir Diere fir de Public nees opgemaach. Ënner strenge Mesurë kann een also nees Filmer kucke goen.

2 Seancë lafen all Dag zu Diddeleng am Kino "Starlight". Déi lescht ass fir 19 Auer programméiert, sou datt d'Leit virum Couvre-feu vun 23 Auer nees doheem sinn. De Schnéi, deen en Donneschdeg gefall ass, huet net dozou bäigedroen, dass d'Kinossäll iwwerlaf goufen.

Déi meeschte Filmer kommen aus der Belsch an zum Deel aus Däitschland. Do dernieft ginn et awer och eng Partie Lëtzebuerger Co-Produktiounen, déi dem Public kënne gewise ginn.

Och de "Kinepolis" um Kierchbierg hat e Mëttwoch seng Reouverture. An 10 verschiddene Säll kënnen hei Filmer gewise ginn. Am Verglach mat der Zäit viru Corona waren e Mëttwoch 1/3 vun den Zuschauer am Kino um Kierchbierg. Och hei goufen d'Seancen der aktueller Situatioun ugepasst.