
Hei eng Foto vum Buchpräis 2018. / © Lucien Koneczny
No engem Accident louch de Manuel Schortgen e puer Deeg am Koma. Hien ass um Donneschdeg gestuerwen.
Hien hat de Lëtzebuerger Traditiouns-Verlag an der 3. Generatioun gefouert an dat zënter 2003.
De Familljebetrib war 1949 vum Michel Schortgen zu Esch gegrënnt ginn.
D'Editions Schortgen haten Enn 2019 d'Editions Saint-Paul iwwerholl. Beim Buchpräis 2020 hate se de Präis fir dat beschte Kannerbuch "De Wëlle leeft am Bësch" gewonnen.
Seng Fra Lena Schortgen trëtt iwwerdeems elo den Direkteschposten un.
Am meeschte gelies