Déi berüümte Figur aus dem Beetebuerger Park steet am Mëttelpunkt vun enger BD a soll och a Beetebuerg ze begéine sinn.

Am Kader vun Esch 2022 huet d'Gemeng Beetebuerg de Projet "De Ris geet op d'Rees!" lescht Joer lancéiert. Den Zeechner Andy Genen an den Auteur Lucien Czuga halen dem Ris seng Rees aus dem Park an enger BD fest an hunn dobäi Ënnerstëtzung vu ville Beetebuerger kritt, déi opgeruff waren, d'Geschicht mat ze erzielen.

© Commune Bettembourg

Elo ass et e weideren Opruff, déi Kéier un d'Kënschtler. Dem Ris seng Rees, sou wéi se an der BD festgehalen ass, soll och als richtege Wee uechtert d'Gemeng ze gesi sinn. Zeenen aus der Geschicht sollen als Skulpturen, Installatiounen oder mat aneren artistesche Supporten duergestallt ginn. D'Kënschtler solle mat hirem eegene Stil de Ris a seng Aventuren duerstellen.

Intresséiert Artiste kënnen hir Demande bis den 31. Januar erareechen.

All weider Informatioune fënnt een op:

© Commune Bettembourg

De Lucien Czuga war Invité bei No Art on Air 16/01/2021
De labberen Talk iwwer kulturell Themen. All Donneschden e spannenden Invité, flott Chroniken, en aktuelle Coup de coeur oder e kulturpolitesche Sujet.