Vun Drama bis Comédie, dat Bescht vum spueneschen a latäinamerikanesche Kino

"Aller guten Dinge sind drei". Dee Sprooch trëfft och op den 21ste spuenesche Kinosfestival zu Lëtzebuerg zou. Am Fong war de Festival fir de Mäerz 2020 geplangt, huet dann awer kuerzfristeg wéinst Corona missten ofgesot ginn. De spuenesche Kulturzenter Circulo Antonio Machado, deen de Festival organiséiert, huet doropshin ëmdisponéiert, an d'Evenement op den November verréckelt. Mä knapps war den éischte Film, dem Alejandro Amenábar säin Biirgerkrichsdrama "Mientras dure la guerra", gewise ginn, goung de Riddo schonn nees zou, och dës Kéier war de Virus schold dorun. Mä d'Equipe vum Circulo Antonio Machado huet sech net ënnerkréie gelooss, an elo dierft näischt méi dertëscht kommen!

7 Filmer si programméiert, den Optakt mécht "El crack cero", eng Comédie Noire vum spuenesche Realisateur José Luis Garci, e Freideg den 22ste Januar um 19h00 am Utopia. 3 weider Filmer ginn an den nächsten Deeg am Utopia gewisen, am Mäerz geet de Festival dann an déi zweete Ronn mat 3 Filmer an der Stater Cinémathèque.

Hei de komplette Programm:

Ciné Utopia:

  • Freideg 22ste Januar 19h00 – El Crack 0
  • Sonndeg 24ste Januar 15h00– @buelos (Familleséance)
  • Donneschdeg 28ste Januar, 19h00 – Intemperie
  • Samschdeg 30ste Januar, 18h00 – Ventajas de viajar en tren

Billjéeën fir d'Séancen am Utopia kann een iwwer dës Mailadress reservéieren: reservas@circulo-machado.lu.

Fir déi 3 Filmer déi am Mäerz an der Cinémathèque gewise ginn, stinn d'Daten nach net fest

  • Lo que arde
  • Buñuel en el laberinto de las tortugas
  • El cuento de las comadrejas