Et war dat lescht Stéck, wat de franséischen Auteur Pierre Corneille geschriwwen huet.

Elo ass et di éischt Inzenéierung am Escher Theater zanter hirer Reouverture.

Gespillt gëtt et vun enger franséischer Theatergrupp, déi zanter bal engem Joer net méi bei sech zu Nanzeg konnten optrieden.

D’Valeria Wiwinius war bei der Generalprouf dobäi an huet mat hinnen iwwer hir onkonventionell Approche zur barocker Komedie geschwat.

No zeg Wochen ouni Spectateuren hunn d’Theateren elo rëm dierfen hir Dieren opmaachen. Um Programm: dem Julia Vidit a Guillaume Cayet hir modern Adaptatioun vum Corneille sengem Klassiker „Le Menteur“. „Le Menteur“ ass d’Geschicht vum Dorante, engem jonke Mann dee grad zeréck op Paräis komm ass. Fir an d'Gesellschaft eranzepassen zu där hie gehéiere well, fänkt hien un ze léien. D’Resultat ass eng Komedie, déi no bal 400 Joer d’Spectateuren nach ëmmer zum Laache bréngt.

An hirer Adaptatioun, huet d’Julia Vidit de Fraen am Stéck eng méi wichteg Roll wollte ginn. Esou gëtt zum Beispill dem Dorante säi Kniecht vum Lisa Pajon duergestallt.

Le Menteur“ gëtt um Freideg den Owend fir d’Lescht am Escher Theater gewisen.