Wéinst der Corona-Pandemie mussen d'007-Fans elo schonns eng Zäitchen op den neie Film waarden. E Freideg koum d'Nouvelle, datt et nach méi laang dauert.

Virun Oktober wäert de Film wuel net erauskommen. U sech sollt "No Time To Die" schonns am Mäerz 2020 zu London seng Première hunn.

de 25. James-Bond-Film sollt elo eigentlech den 2. Abrëll an de Kinoe lafen, den neien Datum ass elo den 8. Oktober, wéi et vun offizieller Säit heescht.

"No Time To Die" dierft dann och dem Daniel Craig säi leschte Film an der Roll vum brittesche Geheimdéngschtagent sinn.

Den neien James-Bond-Film ass awer net déi eenzeg Produktioun, déi der Pandemie zum Affer gefall ass.

D'Produktioun vum Film läit wuel bei ronn 250 Milliounen Dollar. Deementspriechend ass de Succès vum Film kruzial fir d'Produktiounsfirma.