2019 war jo een RTL-Journalist a Syrien gereest, fir en Interview mat engem presuméierten Dschihadist aus dem Grand-Duché ze maachen.

Et goung drëms, méi erauszefannen iwwert de Personnage, ma och iwwer d’Manéier, wéi déi Lëtzebuerger Justiz a Politik mat deem Thema ëmginn. Dës geféierlech Rees an deen dobäi produzéierte Reportage ginn den Ament de Kader fir d'Theaterstéck Terres Arides vum Lëtzebuerger Auteur Ian de Toffoli.

Terres Arides ass déi zweet Co-Produktioun, déi am Kader vum Théâtre du Centaure sengem Projetszyklus Les Agitateurs presentéiert gëtt.

Déi zwee Acteure Pitt Simon a Luc Schiltz erzielen an dësem Stéck engersäits vun der Rees vum Lëtzebuerger Journalist an anerersäits vum Liewenswee vun deem konvertéierten Dschihadist vu Meespelt, deen 2019 vun de Kurde festgeholl an an e geheime Prisong am Norde vu Syrien gesat gouf. D'Geschicht ass bis an dee klengsten Detail recherchéiert.

Terres Arides ass awer kee klasseschen Theater, ma eng Mëschung aus Erzieltheater an dokumentéierter Fiktioun. De Ian de Toffoli bitt dem Public duerch säin Text ee Stéck Realitéit a gëtt iwwerdeems och en Denkustouss.

Nach bis den 29. Januar inclus gëtt Terres Arides am Kinneksbond zu Mamer opgefouert. Ma och duerno huet een nach zweemol d'Geleeënheet, fir sech dëst Stéck unzekucken an zwar den 2. Februar am Cape zu Ettelbréck an de 5. Februar am Kulturhaus Nidderaanwen.