Wéi huet de brittesche Premier d'Corona-Kris geréiert? Där Fro wäert d'Serie "This Sceptred Isle" nogoen.

D'Roll vum Johnson wäert de Shakespeare-Schauspiller Kenneth Branagh iwwerhuelen. 5 Episode si geplangt, fir den ëmstriddenen Ëmgang vum brittesche Politiker duerzestellen, dee selwer Covid-19 hat an am Spidol op der Intensivstatioun huet misse behandelt ginn.

Ëmmer nees krut de Boris Johnson reprochéiert, d'Situatioun net eescht genuch geholl an ze large reagéiert ze hunn. Mëttlerweil ass Groussbritannien dat Land an Europa, dat am schwéierste vun der Pandemie getraff ass. Iwwer 97.000 Persoune si bis ewell am Zesummenhang mat Covid-19 gestuerwen.