Ass d’Sprooch, mat där mer opwuessen, och déi, an där mer Bicher liesen?

D’Lëtzebuerger Literatur entwéckelt sech, ma Liesgewunnechten ze änneren ass net evident.

1984 gouf Lëtzebuergesch als national Sprooch unerkannt, zanterhier wiisst déi national Literatur an domat och eis linguistesch Identitéit. D’Zuel vun de Bicher, déi een op Lëtzebuergesch fënnt, hëlt konstant zou, virun allem am Kannerrayon.

Bei deenen Erwuessenen dominéieren däitsch a franséisch Wierker ëmmer nach däitlech. An der Cité-Bibliothéik maache si 38 respektiv 32% vun alle Wierker aus.

An awer: de Rayon, deen dësen zwou Sproochen ëmmer méi Konkurrenz mécht, ass de Secteur “Luxemburgensia”, deen ëmmerhi 15% vun alle Bicher vertrëtt. D’Liesgewunnechte vun deenen Erwuessenen ze änneren, ass awer guer net esou einfach.