"Honest Thief" deen an de Kinoe leeft ass ee vun dësen Action Filmer, wou alles sech em Selbstjustiz dréit.

Den nordireschen Acteur Liam Neeson war am Ufank vu senger Karriär bekannt fir seng grouss Haaptrollen an historesche Filmer wéi "Schindler’s List" oder nach "Michael Collins". Zenter dem Action Film “Taken” am Joer 2008 huet de Neeson sech a Revanche-Filmer spezialiséiert. "Honest Thief" deen an de Kinoe leeft ass ee vun dësen Action Filmer, wou alles sech em Selbstjustiz dréit.

Den Tom Dolan ass besser bekannt ënnert dem Pseudonym "The In and Out Bandit", well hie Banken iwwerfält ouni eng Spuer ze hannerloossen. Nodeems hien 12 Banken iwwerfall huet, wëll hie sech erginn a mam FBI en Deal ofschléissen, fir en neit Liewen kënne unzefänken a fir seng grouss Léift net méi mussen ze beléien. Déi zwee FBI-Agenten, op déi hien trëfft, wëllen dem Tom awer net hëllefen. Am Géigendeel si si op seng Suen aus an hannerginn de fréiere Marin, deen no enger bluddeger Ausernanersetzung fir de Mord un engem FBI-Agent gesicht gëtt. Fir den Tom geet eng Course géint Zäit un an där hie seng Onschold muss mat alle Mëttel beweisen.

"Honest Thief" ass e puere Genre-Film, e sougenannte "Revenge Thriller" an deem de Liam Neeson nees eleng géint déi ganz Welt muss ukämpfen. Mat sengen 68 Joer ass de Neeson erstaunlecherweis nach ëmmer ganz kredibel an dëse stereotypesche Rollen, déi hien zënter 2008 an dem Film "Taken" dach reegelméisseg gespillt huet.

"Honest Thief" gëtt de Code vum Genre dann och Gerecht, versicht awer ni doriwwer erauszegoen. De Realisateur Mark Williams huet nämlech Schwieregkeeten, eng banal Geschicht, déi op engem ganz naiven Ausgangspunkt baséiert ass, un d’Rullen ze bréngen a verbréngt gutt 40 Minutten domadder, senge Personnagen hir Motivatiounen ëmmer nees dem Spectateur anzehummeren, éier et dann am zweeten Deel zur erwaarter an ënnerhalender Juegd op den onschëllegen Neeson kënnt. Hei sinn Action an e gewëssenen decaléierten Humor, deen awer ni ganz ausgenotzt gëtt, dann um Rendezvous bis zum onvermeidleche Showdown an dem onëmgänglechen Happy End.