D’lescht Joer huet de "Luxembourg City Film Festival" säi ronnen 10. Anniversaire gefeiert.

E Fest, dat jo fréizäiteg duerch déi sanitär Kris ënnerbrach gouf. Zënterhier hunn d’Kinoe schonn zweemol hir Diere misste ganz zoumaachen.

Um Donneschdeg gouf elo déi 11. Editioun vum „Luxembourg City Film Festival“ virgestallt. E Festival, dee wéi gewinnt ganz am Zeechen vun der Diversitéit vun der 7. Konscht steet an deen dëst Joer souwuel an de Kinoen wéi och um Internet Filmer weist.

Hei zu Lëtzebuerg sinn am Géigesaz zu onsen direkte Nopeschlänner d’Kinoen nees all op. Wéi laang dat de Fall an Zukunft wäert sinn, ka kee garantéieren. Dës politesch Decisioun dréit awer dozou bei, datt de Luxembourg City Film Festival seng 11. Editioun weder verleeën nach ofsoe muss. De Festival kritt eng hybrid Form, d’Organisateuren ronderëm hiren neie President Georges Santer hu sech nämlech dofir entscheet, datt Filmer net nëmmen an de Kinossäll gewise ginn, ma och um Internet kënne gekuckt ginn.

Ëm déi 60 Produktiounen aus de verschiddenste Selektioune kënnen deemno bis zu 72 Stonnen, no hirer Projektioun am Kinossall, um Internetsite vum Festival gestreamt ginn.

6 Filmer sinn an der Kompetitioun fir de beschten Documentaire an net manner wéi aacht international Produktioune goufen fir d’Fiktiounskompetitioun zeréckbehalen. Hei stiechen déi südamerikanesch an afrikanesch Filmer ervir.

Eng spezial ausgeschafft Selektioun fir e jonke Publikum duerf genee sou wéineg feele wéi d’Selektioun “Films made in/with Luxembourg”. Hei gi 5 Filmer, déi hei zu Lëtzebuerg gemaach oder co-produzéiert goufe virgestallt, dorënner ënnert anerem d’Doku-Fiktioun “An Zero – Comment le Luxembourg a disparu” vum Myriam Tonelotto an dem Julien Becker, genee wéi eng Rei vu Lëtzebuergesche Kuerzfilmer.

Am Cercle Cité an der Stad ass dann och d'Ausstellung „Ready.Set.Design“ vu Paul Lesch, Yves Steichen a Chiara Lentz ze gesinn, wou alles sech ëm Dekoren aus de Lëtzebuerger Filmer dréit.

De Festival fänkt de 4. Mäerz u mam Film « Nomadland » dee 4 mol fir d’Golden Globes nominéiert ass.