Zanter en Donneschdeg kann d'Serie Capitani um Streamingdéngscht Netflix gekuckt ginn.

Eng Partie international Review-Säiten hunn d'Lëtzebuerger Co-Produktioun vu Samsa Film, RTL Télé Lëtzebuerg, Artemis Productions an dem Lëtzebuerger Filmfong scho genau ënnert d'Lupp geholl.

Grousse Luef gouf et vu Musikexpress. Capitani géing et de Leit erméiglechen, nees op d'Juegd no Mäerder ze goen an nennt 10 Grënn, wisou ee sech déi éischt Staffel onbedéngt eranzéie soll. Si géing nämlech weisen, dass vill méi zu enger gudder Detektivgeschicht gehéiert, wéi just e Fall ze léisen. Éischtens géing d'Rekonstruktioun vun der Geschicht besonnesch Spaass maachen, well een net vun Ufank u géing gewuer ginn, wien de Mäerder ass. Eréischt, wann alleguerten d'Schierbelen zesummegesat sinn, kënnt een op den Täter. Nieft dem Facteur Spannung gëtt och d'Figur vum Detektiv Luc Capitani ervirgehuewen. D'Neutralitéit vun der Figur, wéi och de Fait, dass hir keng iwwerdriwwen Eegenschaften zougeschriwwe ginn (wéi zum Beispill beim Monk), wieren iwwerzeegend. Positiv ass Musikexpress no och, dass et e breede Spektrum u Perséinlechkeeten an Instanzen (Politik, Militär a Kierch) an der Serie gëtt. Eng perfekte Basis, fir de Krees vun de Verdächtegen esou grouss wéi méiglech ze gestalten.

Forbes ënnersträicht, dass Capitani a villen Hisiichte wéi aner klassesch Krimi-Serië funktionéiert. En doudege Kierper gëtt an engem Bësch an engem klengen Duerf fonnt, an deem jidderee jidderee kennt. An awer stécht d'Lëtzebuerger Produktioun an der Masse vu Serien ervir. Dëst duerch zum Beispill d'Geschicht vum Detektiv Capitani, déi sech als sougenannten zweet "Storyline" duerch déi ganz Episoden zitt an d'Figur op dës Manéier ëmsou méi geheimnisvoll duerstellt.

Parallelle mat der berüümter Krimi-Serie vum Chris Chibnall zitt déi franséisch Websäit Allociné. Capitani wier weder vum Inhalt, nach vun der Form hier revolutionär, an awer wier et keng Lëtzebuerger Versioun vu Broadchurch. Et wier eng eegestänneg Geschicht mat e puer Ähnlechkeeten, déi ee matrappe géing.

Aner Review-Sitten zéie Gemeinsamkeete mat Produktioune wéi Twin Peaks. Grad fir den amerikanesche Public wier Capitani eppes ganz Besonnesches, schreift Decider. Dëst läit engersäits un der Lëtzebuerger Sprooch, déi an hiren Ouere wéi eng interessant Kombinatioun aus Däitsch a Franséisch kléngt. Ma och déi kleng Dierfer a Pavé-Stroosse géingen den Zuschauer Doheem eng Kuliss bidden, déi si net aus de klasseschen US-Filmer a Serië kennen. Als positiv gëtt och d'Dauer vun all Episod ervirgehuewen. Et wieren zwar nëmme ronn 30 Minutten, awer déi wiere vollgepaakt mat villen Informatiounen.