Nieft der Baguette verbënnt een och Saache wéi roude Wäin oder Camembert mat Frankräich.

Dëst ass net nëmmen e Stereotyp, mee tatsächlech en Deel vun der franséischer Kultur. Dowéinst huet d'Regierung en Dënschdeg entscheet, dat wäisst laangt Brout als immateriellt Kulturierwen unzemellen. Wéi et aus dem Kulturministère zu Paräis heescht, wieren nach keng aner Kandidaten am Rennen.

Potentiell Konkurrente kéinten déi charakteristesch Zénk-Diech vu Paräis oder d'Wäifest vun Arbois ginn. Bis Mëtt Mäerz soll d'Entscheedung gefall sinn, wat vu franséischer Säit der Unesco proposéiert gëtt.