7 Joer sinn et hier, zënter de Museker Lambert um Piano vu sech héiere gelooss huet. An dat net nëmmen, well hien ëmmer mat enger Mask optrëtt.

Seng Musek ass speziell an de Stempel neo-klassische Piano drop ze drécken, ass bësse wéineg. Hien ass uechtert d'Welt gefrot a war Fuesméindeg zu Esch fir e Concert an der Eglise St. Joseph, vun der Kufa organiséiert. De Régis Thill hat fir eis e Bléck an en Ouer op de Lambert gehäit

Fir de Moment huet jiddereen e Mask op, fir sech virum Virus ze schützen, Fuesméindeg hunn d'Leit Masken op, fir sech viru sech selwer ze schützen an de Lambert, deem seng Mask iwwregens eng Fuesmask aus Sardinien ass, hat seng Mask och op.

Dem Lambert seng Musek léisst sech net an eng Kategorie apaken. Fir se ze genéissen, muss een anescht lauschteren. Seng Miniature brauchen Zäit, Gedold a Konzentratioun, ier ee sech no enger Zäit dra fale léisst, wéi an e Koup Coussinen. De repetitive Charakter erënnert ee wéi beim Chick Corea un Jazzmusek.

De Lambert wënscht sech, dass d'Nolauschterer sech hir eege Biller op seng Musek am Kapp molen. Also: da probéiert dat mol.