Déi 2 nei Stécker vun der Lëtzebuerger Formatioun kann ee sech elo exklusiv op Bandcamp ulauschteren.

Zënter Jore schonn ass "No metal in this Battle" an der Lëtzebuerger Musekszeen dobäi a bekannt, dat virun allem fir hir Mëschung aus Math- a Post-Rock a Post-Punk. Selwer bezeechent d'Band hire Stil jo als Afro-Post Punk.

No hirem Album "Paprika", deen am Oktober 2017 erauskomm ass, sinn dëst elo no iwwer 3 Joer zwee nei Tracks, déi d'Formatioun dem Public presentéiert, dat exklusiv op Bandcamp.

Lauschtert iech d'Lidder "Shimokita" an "Zeitzonensynchronsationmechanismus" hei un!