Aus den Zänn vun den Déieren aus dem sibiresche Permafrascht hu Fuerscher déi eelst DNA-Spuere geséchert, déi der Wëssenschaft jee zur Verfügung stoungen.

"Dës DNA ass onheemlech al", sou de Love Dalen vum Zentrum fir Paläogenetik zu Stockholm. "D'Prouwe sinn dausend Mol méi al wéi Iwwerreschter vu Wikinger a ginn an d'Zäit virun de Mënschen an den Neandertaleren zeréck." D'Resultater vun der Studie goufen e Mëttwoch an der neier Ausgab vun der Zäitschrëft "Nature" verëffentlecht.

Am Ganze geet et ëm dräi Mammut-Entdeckungen, vun deenen ee ronn 800.000 Joer al ass an déi zwee aner méi wéi eng Millioun Joren. Déi bis ewell eelst entdeckten DNA-Spuere ware vun engem Päerd a ware 560.000 bis 780.000 Joren al.

A Sibirien hu sech Äiszäit-Bedingungen a waarm, fiicht Perioden ofgeléist. Wéinst dem Klimawandel schmëlzt de Permafrascht a gëtt dowéinst aktuell méi Mammut-Iwwerreschter fräi, sou den Dalen. Hien huet sech och optimistesch gewisen, an Zukunft aus dem Permafrascht nach méi al DNA-Spueren ze sécheren, déi bis zu 2,6 Millioune Joren zeréckdatéieren.