Wéi d'Auktiounshaus Sotheby's e Mëttwoch matgedeelt huet, gouf sech erwaart, dass déi 28 Konschtwierker fir 2,5 bis 3,8 Milliounen Euro géinge verkaf ginn.

Mat 8 Milliounen Euro hätte si net gerechent. Weider Wierker vum privaten Ierwe sollen en Donneschdeg ënnert den Hummer kommen.

En neie Besëtzer fonnt hunn ënnert anerem Zeechnungen, déi de Christo gemoolt huet am Kader vu senger berüümter Installatioun "The Umbrellas" aus dem Joer 1991. De Kënschtler a seng Fra haten dausende vu Prabbelien an Héicht vu 6 Meter a Japan a Los Angeles opriichte gelooss.

Zejoert am Juni ass de Christo am Alter vu 84 Joer zu New York gestuerwen. Hie war bekannt fir spektakulär grouss Installatiounen, wou hie Beem, Brécken oder Gebaier agekleet huet. Berüümt gouf hie mam Verkleede vun der Paräisser Bréck Pont-Neuf am Joer 85.

Bis zu hirem Doud 2009 huet de Christo ëmmer mat senger Fra Jeanne-Claude zesummegeschafft. Hir Projeten hu si gréisstendeels mam Verkaf vu Collagen an Zeechnungen aus der Virbereedungsphas vu gréissere Projete finanzéiert.

Säi leschte grousse Projet war d'Verkleede vum Paräisser Arc de Triomphe.