Déi éischte Lëtzebuerger Serie op Netflix kënnt net nëmmen hei am Land, mä op der ganzer Welt extrem gutt un. An 3 Länner ass d'Serie souguer op der 1.

Déi Lëtzebuerger Produktioun kënnt gutt international un a beleet an direkt 4 Länner d'Nummer 1 op Netflix, Stand Donneschdeg. Niewent zu Lëtzebuerg ass Capitani och an Uruguay, Argentinien, Spuenien an a Griicheland déi meescht gekuckte Serie iwwerhaapt. Ma och an eisen direkte Nopeschlänner läit d'Krimi-Serie zënter Deeg schonn op der Plaz 2 oder 3.

© https://flixpatrol.com/title/capitani

A bal 50 Länner (ganz genee a 49 Länner) ass déi Lëtzebuerger Serie dann och an den Top 10 vun de meeschtgekuckte Serien, an dat zënter deem se op der Plattform ze fannen ass, wat natierlech e risege Succès fir d'Serie ass, mat där wuel kee wierklech gerechent hat. Opfälleg ass, dass d'Serie virun allem extrem populär a Südamerika a selbstverständlech an Europa ass. Virun e puer Deeg war d'Serie souguer an den Top 10 a Kanada, e Marché, wou d'Konkurrenz nach vill méi grouss ass.

Genee eng Woch elo ass déi Lëtzebuerger Serie op der Nummer 1 Streaming-Plattform a geet zënterhier net nëmmen scho méi laang zu Lëtzebuerg, mä weltwäit reegelrecht duerch de Plaffong.

Ma et kann awer gutt sinn, dass d'Serie an den nächste Wochen nach eemol e Push kritt, wann d'Serie e wéineg den Tour op Netflix gemaach huet, vue dass keng gréisser Publicitéitscampagne fir Capitani op Netflix gemaach ginn ass. Déi 2. Season ass jo geplangt, ma Netflix huet dës bis ewell awer nach net geséchert.

Méi Detailer iwwert d'Plazéierung vun der Serie op Netflix international fënnt een hei!