Nodeem den Duo e Méindeg e Video mam Titel "Epilogue" publizéiert hunn, huet hir Managerin d'Trennung confirméiert.

1993 huet d'Grupp sech gegrënnt an hat zanterhier ëmmer nees erfollegräich Singlen an Albumen. Um Méindeg gouf dunn e Video op hirem offiziellen Youtube Kanal mam Titel "Epilogue" eropgelueden.

En Epilog ass an der Literatur e Schlusswuert um Enn vun engem Wierk. Esou kann een dëse Video vun Daft Punk dann och als "lescht Wierk" interpretéieren, grad well si am Video nach de Schrëftzuch "1993-2021" mat erabréngen.

Spekulatiounen ëm de Video goufen da séier vun der Agentin vum Grupp ënnerbonnen. D'Kathryn Frazier huet confirméiert, datt Daft Punk sech trennt, ouni awer Detailer ze nennen.