Um wuel berüümtste Bild, dem Edvard Munch sengem "Schrei", steet kaum z'erkennen ee Saz. Laang war onkloer, wat et mat deem Saz op sech hätt.

Den Nationalmusée zu Oslo huet dat Rätsel elo mat Hëllef vun engem Infrarout-Scan geléist. De mysteriéise Schrëftzuch ass vum Moler selwer. "Et besteet keen Zweiwel, dass dat dem Munch seng Schrëft ass", sou d'Curatrice Mai Britt Guleng.

"Der Schrei" zielt zu de bekanntste Motiver an der Konschtgeschicht. D'Bild ass zum zäitlosen  Ausdrock vu mënschlecher Angscht ginn. De Munch selwer huet 4 Versioune gemoolt, nieft dem Original aus dem Joer 1893, zielt déi spéider Versioun vun 1910 zu de wuel berüümtsten.

Dee mat engem Bläistëft geschriwwene Saz, iwwer dee jorelaang gerätselt gouf, ass am roudelzegen Himmel am ieweschte lénken Eck vum Bild ze gesinn. "Kan kun være malet af en gal Mand!" steet do op Norwegesch geschriwwen. Iwwersat: "Kann nëmme vun engem Verréckte gemoolt gi sinn!"

Wéi dee Saz, deen eréischt 1904 entdeckt gouf, dohi koum, war laang onkloer. Et gouf driwwer spekuléiert, ob een onzefriddene Visiteur en eventuell heemlech geschriwwen huet. Elo deemno d'Confirmatioun, dass et de Munch selwer war.

Dofir goufen Notten a Bréiwer ofgeglach. Donieft huet een op d'Tatsaach zeréckgegraff, dass bei der éischter Presentatioun vum Wierk 1895 zu Oslo, iwwert de geeschtegen Zoustand vum Moler spekuléiert an d'Bild selwer kritiséiert gouf. Dem Edvard Munch säi Papp a seng Schwëster haten Depressiounen, de Moler selwer koum 1908 no engem Nervenzesummebroch an d'Spidol. D'Kritik an d'Spekulatiounen haten de Moler immens blesséiert, dat hien a Bréiwer un de Musée ëmmer nees widderholl hat.

De norwegeschen Nationalmusée hält et dowéinst fir immens warscheinlech, dass de Munch selwer dës Wierder um Wierk veréiwegt huet. Et kann een et als ironesche Kommentar gesinn, awer och als Ausdrock vun der Vulnerabilitéit vum Kënschtler, sou nach d'Curatrice vum Musée.