De Joseph Hackin a seng Fra hate sech op Ausgruewungen am Orient konzentréiert an hunn eng sëlleg wichteg Decouvertë gemaach.

E Mëttwoch op den Dag, de 24. Februar 1941, sinn de Lëtzebuerger Archeolog Joseph Hackin a seng Fra d’Ria Parmentier am Nord-Atlanteschen Ozean ëm d’Liewe komm. D’Koppel hat sech op Ausgruewungen am Orient konzentréiert an huet eng sëlleg wichteg Decouverten, virun allem am Afghanistan, gemaach.
1886 ass de Joseph Hackin op engem Bauerenhaff zu Béiwen un der Atert op d’Welt komm. De gréissten Deel vu sengem Liewen huet de Joseph Hackin awer a Frankräich verbruecht an 1912 huet hien och déi franséisch Nationalitéit ugeholl. Den Hackin war vun 1923 un Direkter vum Musée fir asiatesch Konscht, dem Musée Guimet zu Paräis.

Den Dokter Jean Bisdorff beschäftegt sech elo schonn iwwer 20 Joer mam Joseph Hackin a sengen Expeditiounen. Expeditiounen, déi de Joseph Hackin zesumme mat senger Fra, dem Ria Parmentier, gemaach huet. D’Koppel Hackin ass ënner anerem mat enger wichteger Decouverte 1937 zu Begram am Afghanistan an d’Geschicht agaangen.

Ma awer och hir Fuerschungsaarbechten am Bamiyan bei Kabul sinn net onbedeitend. D’Koppel Hackin huet d’Buddha Statuen, déi zu de gréissten op der Welt gezielt hunn, ënnersicht. Hir Decouverte: Wandmolereien. En Unesco-Weltkulturierwen, dat op 2. bis 4. Joerhonnert zréckgeet an 2001 vun den Talibanen zerstéiert ginn ass.

Den 21. Februar 1941 fänkt der Koppel hir lescht Rees un, Zil war Westafrika an Indien, ma hiert Schëff gouf 3 Deeg duerno bei de Färöer Inselen vun däitschen U-Booter bombardéiert.

D’Gebuertshaus vum Joseph Hackin steet zënter 2012 eidel. De Bauerenhaff steet ënner Denkmalschutz, ma dat wat hei den Ament geschitt, ass, datt et lues awer sécher verfält.