Normalerweis zitt de renoméierte Festival héich Gäscht an honnertdausenden Zuschauer un. Och Lëtzebuerg ass zu Berlin vertrueden.

Dëst mat zwee Filmer. "Bad Luck Banging or Loony Porn" vum Radu Jude ass eng Co-Produktioun vun de Länner Lëtzebuerg, Rumänien, Tschechien a Kroatien. "Paul Thiltges Distributions" huet fir d'Post-Produktioun vun de Biller, Téin a Spezialeffekter am Film gesuergt.

Och mat "Mission Ulja Funk" (Samsa Film) geet Lëtzebuerg an der däitscher Haaptstad un den Depart.

Wéint der Corona-Pandemie beschränkt sech de Programm vum Filmfestival dëst Joer an enger éischter Etapp op virtuell Fachveranstaltunge fir Vertrieder vun der Filmbranche. Donieft gi fräi zougänglech Gespréichsronnen a Workshope mat deels héije Gäscht organiséiert, déi sech och un e breede Publikum riichten.

Ënner Ausschloss vun der Ëffentlechkeet wäert d'Jury vun dëser 71. Editioun sech am Laf vun der Woch all d'Filmbäitreeg vum Festival ukucken. E Freiden da wäert de Gewënner vum Haaptconcours bei enger Onlinezeremonie live genannt ginn. Och d'Decisioun am Concours "Encounters" wäert bei dëser Geleeënheet falen.

En Donneschde scho ginn d'Nimm vun de Laureaten an den Ënnersektiounen "Berlinale Shorts" a "Generatioun" gelëft.

De Public muss sech dogéint nach e bësse gedëllegen, d'Berlinale-Filmer kommen nämlech eréischt am Summer an d'Kinoen. Vum 9. bis den 20. Juni ass e sougenannte Summer Special geplangt. Och déi eigentlech Präiszeremonie wäert dann nogeholl ginn.