E Bild vum fréiere brittesche Premier gouf am Kader vun enger Stee fir 7 Millioune Pond (8,1 Milliounen Euro) verkaf.

Erwaart gouf sech eng Zomm vun 1,5 bis 2,5 Millioune Pond. De Winston Churchill war net just Politiker, mee och e begeeschterten Amateurmoler. "The Tower of the Koutoubia Mosque" gëllt als dat wichtegst Bild vum Churchill. Hien hat et 1943 an der marokkanescher Stad Marrakesch wärend enger Krichsvisitt gemoolt an dem deemolegen US-President Franklin Roosevelt fir de Gebuertsdag geschenkt.

D'Konschtwierk huet ëmmer nees de Besëtzer gewiesselt, bis et 2011 an d'Sammlung vun der Ex-Koppel Angelia Jolie a Brad Pitt koum. Elo dierf sech eng aner konschtbegeeschtert Persoun iwwert d'Bild freeën. Wien dofir 8 Milliounen Euro op den Dësch geluecht huet, ass allerdéngs net gewosst.