En Donneschdeg den Owend war d'Ouverture vum Luxfilmfest mam exzellente Film "Nomadland", dee bei de Golden Globes 2 wichteg Präisser gewonnen huet.

Vun e Samschdeg u sinn dann och déi éischt vum Festival selektionéiert Lëtzebuerger Filmer ze gesinn.

Nieft 8 Court-métragen huet de Festival och 4 Lëtzebuerger Laangspill- an Dokumentarfilmer selektionéiert. Dat sinn der manner wéi normalerweis, mee de Covid, an domat och den Déreglement vun den Tournagen an den internationale Festivallen, hunn e puer interessante Lëtzebuerger Koproduktiounen de Wee op de Festival verspaart. Et sinn alles Premièren, déi mir zesumme mat Iech an den nächsten Deeg entdecke wäerten.  Am Film "Hytte" vum Jean-Louis Schuller lant de Luc , op e "Coup de tête" hin op enger Insel no um Nordpol, wou en engem mysteriéise Personnage begéint, deen eleng matzen  an der arktescher Wüüst lieft. Intrigéiert, geet hien deem senger Spuer no, wat zugläich fir hien zur Sich no senger eegener Identitéit gëtt.

Wärend "Hytte" ufanks als Dokumentarfilm geplangt war, awer dunn zu enger Fiktioun gouf, ass "An Zéro - Comment le Luxembourg a disparu" méi kloer e Melange vu béide Genren. Hei geet et ëm de méigleche Katastrophefall, an deem en Accident zu Cattenom Lëtzebuerg a seng ganz Kultur ausradéiere kéint.

An "Témoins vivant", engem klasseschen Dokumentarfilm bréngen d'Karolina Markiewicz an de Pascal Piron 3 Iwwerliewender vum 2. Weltkrich an 3 Lëtzebuerger Studente mat Migratiounshannergrënn zesummen a schwätzen iwwer d'Memoire vum Holocaust an d'Relevanz, déi se nach haut misst hunn, an enger Welt wou Antisemitismus, Rassismus an Nationalismus  erëm opbléien.

An der rumänescher Minoritéits-Koproduktioun, schliisslech, déi fir Competitioun zu Berlin selektionéiert gouf, werft de rumänesch Realisateur Radu Jude, d'Fro op: Wat ass méi obszön, e geleakte Sextape, géint déi eng Professesch sech muss wieren oder d'Aart a Weis, wéi vill aner Saachen an eiser haiteger Gesellschaft fonctionéieren.