Fir den Tournage vun der zweeter Staffel vun der lëtzebuergescher Serie "Capitani" ass d'Produktiounsfirma Samsa Film op der Sich no engem Haus zu Athus.

Duerch dës Serie dierft Lëtzebuerg antëscht u Bekanntheetsgrad an der Welt gewonnen hunn. "Capitani" leeft am Moment erfollegräich op Netflix a gehéiert do nieft Lëtzebuerg a 4 aneren Länner zu den am meeschte gekuckte Contenuen.

D'Fans vum Inspekter Luc Capitani freeë sech schonn op déi zweet Staffel. D'Dréiaarbechte fänke ganz geschwënn un.

Samsa Film, déi d'Serie produzéiert, ass nach op der Sich no passenden Dekore bei eise belschen Noperen, méi genee zu Athus. Op Facebook huet eng vun de Produktiounsassistentinnen en deementspriechenden Opruff gemaach. Rieds geet vun engem Haus mat Accès op e Gaart, wat net ze grouss awer och net einfach ass, dat Ganzt an enger "typesch belscher" Strooss.

Propositioune kënnen op samsa@samsa.lu geschéckt ginn.