Dëse Film kënnt Dir e Freideg den Owend um 19.15 Auer am Kinepolis Kierchbierg gesinn. Tickete ginn et um Internetsite vum Festival op www.luxfilmfest.lu.

Am Kader vum Luxembourg City Film Festival an der Selektioun Carte Blanche an dat a Collaboratioun mam Kinepolis Kino gëtt déi satiresch Komedie "I Care a Lot" mam Rosamunde Pike a mam Peter Dinklange presentéiert.

Aus dem Beruff vum legalen Tuteur fir eeler Leit, déi net méi no sech selwer kucke kënnen, huet d'Marla Grayson eng reegelrecht Goldgrouf gemaach. Mat der gutt bezuelter Ënnerstëtzung vun enger Doktesch a vum Direkter vun engem Altersheem séchert si sech d'Erspuertes vu Leit, déi si ouni mat der Wimper ze zucken an ouni weidere Grond internéiere léisst.

Nodeems d'Marla awer eng Fra eraleet, déi net déi ass, fir déi si sech ausgëtt, kritt si et mat engem mysteriéise Mann ze dinn, deen aus dem Schied eraus d'Fiedem zitt.

D'Marla Grayson ass e puere Produkt vum American Dream a vun enger fundamental kapitalistescher Gesellschaft. Mat "I Care a Lot" denoncéiert den Zeenarist a Realisateur J Blakeson dësen amoralesch a gurmangsege System an all déi Leit, déi dovunner profitéieren. An dësem Fall ass dat jiddereen. All Personnage an dëser satirescher an iwwerspëtzter Komedie ass vu Grond op schlecht a béis. Trotzdeem, oder grad dowéinst, ass et ëmsou méi genësserlech nozekucken, wei een deem anere versicht e Stréch duerch d'Rechnung ze maachen. Fir hir Interpretatioun vun enger Fra ouni Gewësse krut d'Rosamunde Pike de leschte Sonndeg dann och e Golde Globe vun der beschter Actrice an enger Komedie.