A sengem 1. Blog gëtt de Joy Hoffmann eng Preview op de Programm vum Luxfilmfest, mat de Lëtzebuerger Produktiounen a Filmer, déi ee sech ukucke sollt.

En Donneschdeg war d'Ouverture vum Luxfilmfest mat dem excellenten US-Film NOMADLAND vum Chloé Zhao, deen dës Woch zwee Golden Globes a virdrun och de Gëllene Léiw zu Venedeg krut. D'Frances McDormand spillt hei eng Wittfra, déi hiren Job verléiert an an engem Camper duerch Amerika zitt, op der Sich no Aarbecht.

Dëst ass ee vun enger Rei Filmer an der offizieller Selektioun vum Festival, déi Hors Compétitioun lafen a schonn international Unerkennung kruten. Zu dëse Filmer, déi mer Iech wäermstens empfeelen, zielt och de Film THERE IS NO EVIL (Sonndeg 14. Mäerz) vum iraneschen Dissident Mohammad Rasoulof, dee säi Film trotz Dréiverbuet heemlech am Iran gedréit huet, an zu Berlin d'lescht Joer och en zimmlech unanimme Gëllene Bier krut. Hien erzielt véier Geschichten iwwert Schicksaler vu Mënschen, déi all direkt mat der Exekutioun vun zum Doud Condamnéierten am Iran ze dinn hunn.

Ganz staark ass dem Andrey Konchalovskiy säin DEAR COMRADES (Freideg, 12. Mäerz) iwwert déi brutal Repressioun vun engem Aarbechterstreik an de 60er Joren an der deemoleger Sowjetunioun, gesinn aus der Perspektiv vun enger treier Partei-Unhängerin. Och dëse Film gouf niewent "Nomadland" zu Venedeg priméiert.

Méi "labber" dogéint ass den aussergewéinlechen norwegeschen Dokumentarfilm GUNDA (Freideg, 5. Mäerz) vum Victor Kossakovsky iwwert dat glécklecht Liewe vun enger Schwéngsmamm, hirer Progéniture an aneren Déierekolleegen op engem Bauerenhaff.

RTL

© GUNDA (C) Sant&Usant

Wann Dir also op Nummer sécher wëllt goen, hunn ech Iech elo heimat schonns en Deel vun ärem Festivalprogramm virbereet. Dir musst just nach um Site vum Luxfilmfest en Ticket kafen, oder den Dag no der éischter Opféierung, och um Site, e Lien bestellen, fir de Film online ze kucken.

Manner bekannte Kompetitiounsfilmer

Wie bereet ass éischter op Entdeckungsrees ze goen a Risiko op sech ze huelen, deen zitt sech zousätzlech déi 8 Filmer aus der offizieller Kompetitioun op d'Long. Ausser deem och zu Venedeg priméierte Film QUO VADIS, AIDA vun der Bosnierin Jasmila Zbanic, sinn déi 7 aner Kompetitiounsfilmer wéineg bekannt. Mir wäerten ons dann och op dëser Plaz an onsen nächste Bloggen haaptsächlech mat dëser Sektioun vum Festival beschäftegen a vertrauen dann och wéi ëmmer dem Selektiounscomité, andeem mer wëssen, dass se et dëst Joer duerch de Covid besonnesch schwéier haten, u munch Filmer erunzekommen, déi se sech gewënscht hätten.

E Virgeschmaach op déi Lëtzebuerger Selektioun

Dat gëllt och fir déi 4 Lëtzebuerger Filmer, déi allerdéngs duerch eng vill manner streng Selektioun ginn. Et sinn der och manner wéi normalerweis, mee de Covid, an domat och den Dereglement vun den Tournagen an den internationale Festivallen, hunn e puer interessant Lëtzebuerger Koproduktiounen de Wee op de Festival verspaart. Hei e bësse méi am Detail e Virgeschmaach op déi Lëtzebuerger Selektioun. Dräi vun dëse Filmer sinn national majoritär Produktioune mat staarker dokumentarescher Influenz.

Am Film HYTTE (Samschdeg, 6. Mäerz) vum Jean-Louis Schuller lant de Luc, op e Coup de tête hin, op enger Insel no um Nordpol, wou en engem mysteriéise Personnage begéint, deen eleng matzen an der Arktescher Wüüst lieft. Intrigéiert geet en deem senger Spuer no, wat zugläich fir hien zur Sich no senger eegener Identitéit gëtt.

RTL

© HYTTE (C) a-BAHN

Wärend "Hytte" ufanks als Documentaire geplangt war, awer dunn zu enger Fiktioun gouf, ass AN ZERO -COMMENT LE LUXEMBOURG A DISPARU (Sonndeg, 7. Mäerz), vum Myriam Toneletto an dem Julien Becker, méi kloer e Mix vu béide Genren. Hei geet et ëm de méigleche Katastrophefall, an deem en Accident zu Cattenom Lëtzebuerg a seng ganz Kultur ausradéiere kéint. D'Haaptroll spillt a béide Filmer den omnipresente "Capitani"-Luc Schiltz, dee momentan a senger Alterstranche bei de Lëtzebuerger Acteure quasi konkurrenzlos ze si schéngt.

An LES TEMOINS VIVANTS (Dënschdeg, 9. Mäerz), engem klasseschen Documentaire, bréngen d'Karolina Markiewicz an de Pascal Piron dräi Iwwerliewender vum 2. Weltkrich an dräi Lëtzebuerger Studente mat Migratiounshannergrond zesummen, a si schwätzen iwwer d'Memoire vum Holocaust an d'Relevanz, déi se nach haut misst hunn, an enger Welt, wou Antisemitismus, Rassismus an Nationalismus erëm opbléien.

An zu gudder Lescht werft de rumänesche Realisateur Radu Jude an der Minoritéitskoproduktioun BAD LUCK BANGING OR LOONY PORN (Mëttwoch, 10. Mäerz) d'Fro op: Wat ass méi obszön, e geleakte Sextape, géint déi eng Professesch sech muss wieren, oder d'Aart a Weis, wéi vill aner Saachen an eiser haiteger Gesellschaft funktionéieren. Mir kënnen dann och maachen, wéi wa mer um Festival vu Berlin wieren. Do ass de Film nämlech a Competitioun selektionéiert, an och do kucken d'Leit de Film just online.

Iwwregens ginn et fir déi Lëtzebuerger Filmer keng Tickete méi fir de Kino, also gëllt et, sech online anzekafen, den Dag no der Première vum Film. All Informatioune fannt Dir um Site vum Festival www.luxfilmfest.lu.