En Donneschdeg den Owend war d'Ouverture vun der 11. Editioun vum Luxembourg City Filmfestival.

Duerch d’Covid-Kris ass et awer eng ganz speziell Editioun an där bis de 14. Mäerz am Kinepolis an an der Cinemathéik an der Stad iwwer 100 Filmer wäerte gewise ginn.

De Loïc Tanson war fir eis bei der Ouverture mat dobäi, wou eng besonnesch Stëmmung war.