Mat e bësse Chance kënnt Dir nächste Weekend bei der 80's Party oder dem Concert vu Brings live mat dobäi sinn!

Den 13. a 14. Mäerz ass eng méi lass an der Péitenger CARena. Maacht Ären Auto zu enger Danzfläch a feiert samschdes op der éischter 80s-Drive-in-Party vum Atelier.

Och sonndes ass fir Partystëmmung gesuergt. Do bréngt den Atelier d'Kölner Band Brings an de Minett.

RTL.lu gëtt Iech d'Geleeënheet, fir gratis mat derbäi ze sinn. Wat musst Dir dofir maachen?
Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert "Brings" oder "80s Party" an Ären Numm an E-Mail-Adress op de 62468 (0,50 € / SMS) a gewannt mat e bësse Chance e Car Pass fir de Concert.