Aus dem Angola bis a Japan iwwert Mexiko an d’Belsch kommen dës original Wierker aus de verschiddenste Géigende vun der Welt.

Et ass un der Jury ëm d’Presidentin Sandrine Bonnaire, fir e Gewënner ze designéieren. De Loïc Tanson stellt iech déi verschidde Filmer vir, déi vum 4. bis de 14. Mäerz ze gesi sinn.

LuxFilmFest Competitioun Fiction 

D’Grenz tëschent Fiktioun a Realitéit gëtt an dëser Selektioun grëndlech hannerfrot.

Am “Air Conditioner” aus dem Angola erlieft de Sécherheetsbeamte Matacedo e surrealisteschen Dag, wa matten am erstéckend waarme Wierder vu Luanda op eemol all d’Klimaanlagen ausfalen. Am visuell virtuose ma genee sou dekaléiertem “Careless Crime” aus dem Iran decidéieren 4 ganz ordinär Léit e voll besate Kinossall a Brand ze stiechen, wärenddeem am ergräifenden “Quo Vadis, Aïda” d’Realitéit vum Krich transzendéiert gëtt, wann eng Dolmetscherin, déi zu Srebrenica fir d’UNO schafft, versicht, hir Bouwen an hire Mann virum sécheren Doud ze retten.

Am “Assandira” vum Salvatore Mereu versicht e Papp nom Brand vu sengem Bauerenhaff a Sardinien der Police z'erklären, wat geschitt ass a wei säi Jong dobäi ëm d’Liewe komm ass, wärenddeem déi belsch-hollännesch Koproduktioun “Becoming Mona” eng Tragi-Komedie ass, déi d’Emanzipatiounsgeschicht vun enger Fra erzielt, déi sech bis dato ëmmer vum Ego vun anere Léit ënnerbottere gelooss huet.

Am tussesche “Whaler Boy” entdeckt e Walfësch-Jëeer aus der Beringstrooss d’Léift um Internet op engem Site fir Erwuessener an dreemt vun engem Liewen an Amerika. Et ass genee am berüchtegte Land of the Free an Home of the Brave, wou d’Protagonisten aus dem mexikanesche Film “Los Lobos” sech erëmfannen.

Am japaneschen “Aristocrats” gëtt Tokyo aus dem Bléckwénkel vun zwou Frae gewisen, déi op den opposéierten Extremitéite vun der sozialer Leeder stinn an déi sech duerch en aristokrateschen Affekot mam Numm Koichiro wäerte kenneléieren.

Plaze fir dës 8 Filmer ginn et op www.luxfilmfest.lu, souwuel fir déi Spectateuren, déi se op der grousser Leinwand wëllen entdecken, wéi fir déi, éi se wëllen Doheem op der Internetplattform vum Festival streamen.