Riets geet hei vun der Lëtzebuerger Koproduktioun BAD LUCK BANGING OR LOONY PORN vum rumänesche Realisateur Radu Jude.

Dëse Film ass en Ovni, e chaotesche Kaleidoskop vu gesellschaftlechen an historesche "Perversitéiten" an Absurditéiten, u kee Genre gebonnen, interessant, dofir awer net onbedéngt gelongen. Schéin trotzdeem, dass des Lëtzebuerger Koproduktioun (Paul Thiltges Distributions), déi am Kader vum Cinéworld Programm vum Lëtzebuerger Filmfong ënnerstëtzt gouf, viru kuerzem de gëllene Bier op der (online) Berlinale krut.

Den 1. Deel vum Film geet wéi eng Fiktioun un a weist, wéi eng Professesch gewuer gëtt, dass ee Sextape mat hirem Mann am Internet gelant ass. Duerno geet et quasi dokumentaresch weider, wéi se duerch Bukarest geet, an d'Kamera onscheinbar, awer trotzdeem ganz gezielt e kritesche Bléck op d'gesellschaftlecht Ëmfeld werft. Incivilitéiten, sexistesch Plakater, Kitsch, Harcellement, delabréiert Gebaier an Aarmut géint protzege Räichtum ginn hei quasi "en passant" ugeprangert, dorënner eng kuerz, wuel inzenéiert, genial Zeen mat engem Risenauto, deen op engem Foussgängersträife geparkt ass, an aus deem e klengen Männchen erausklëmmt, esou just ouni Leeder. Hei missten sech déi ganz SUV-Fetischisten an och e Sponsor vum Festival eigentlech erëm erkennen.

Wat an dësem éischten a beschten Deel vum Film zimmlech onopdrénglech gewise gëtt, gëtt am zweeten Deel dann nach eng Kéier,op méi explizitt Manéier widderholl an deelweis ergänzt ënner Form vun enger Collage vun Anekdoten, Filmschnipselen an Internet-Extraiten. Biller a Commentairen iwwer den Ceausescu-Faschismus an d'Komplizitéit vun der orthodoxer Kierch, Machismus, Pelzemäntel a Blondinnewitzer, cotoyeieren Reflexiounen iwwer de Roll vum Kino, an e Clip iwwert en Direkter, dee seng Mataarbechter wéi Dreck behandelt. Mir hate verstanen, dat ass alles bei wäitem méi schlëmm, wéi Biller iwwer Sex tëschent zwee bestuete Leit.

Am leschten, total fiktionellen Deel vum Film geet et drëm, d'Kanner viru pornografesche Biller ze schützen, besonnesch, wann dann och nach hir Léierin implizéiert ass, an dat ass dann erëm en ganzt anert Thema, an typesch fir e Film deen sech, wuel ganz bewosst, an all Himmelsrichtungen dréint. Deen, hallucinanten "tribunal populaire", vun den Eltere géint d'Léierin, ass mat Momenter gutt Satire, eng Karikatur vun der pervertéierter Diskussiounskultur, wéi een se zum Beispill a Frankräich an der Cyril Hanouna Emissioun "Touche pas à mon poste" erëmfënnt , an entlarvt d'Hypokrisie an d'Obsessioune vun enger reaktionärer Gesellschaft, déi sech hannert dem Alibi vun der Protektioun vun de Kanner verstoppt.

De Realisateur assuméiert kloer seng chaotesch Approche. Dat kann och gefalen. Trotzdeem, och Chaos léisst sech iergendwéi strukturéieren. De Film ass ze vill repetitiv, ze vill oppen Diere ginn agerannt an en iwwergräifenden koherenten Discours feelt e bëssen.

D'Decisioun vum Luxfilmfest, d'Altersgrenz fir dëse Film vum 16 op 18 Joer ze setzen, ass ironescherweis genau dat, wat de Film uprangert. Hei gëtt sech dem Lëtzebuerger Kinosgesetz an engem obsoleten hypokriteschen Artikel aus dem Code pénal ouni Kritik ënnerworf, deen d'Diffusioun vun "pornografesche" Biller strofbar mécht, wärend zu gläicher Zäit de Lëtzebuerger Staat masseg Steieren anzitt vun de weltgréissten Pornofirmen, déi sech zu Lëtzebuerg niddergelooss hunn. Et ass just am Kino, wou dës Gesetzer applizéiert ginn, well dat déi eenzeg Plaz ass, wou Kontroll ouni Komplikatioune méiglech ass. Derbäi kënnt, dass dat, wat vermeintlecht als Porno am Film bezeechent kéint ginn, kaum als solches vun engem Lëtzebuerger Geriicht interpretéiert géif ginn, déi säit de 70er Joren (Le dernier Tango a Paris) sech ëmmer fir artistesch Meenungsfräiheet entscheet hunn.

Also, Kolleegen vum Festival... Näischt verstanen?... Wuel net! Dat ass éischter eng Saach vu Courage.

RTL

Genau wéi de Film sprange mir och elo vun Hippches op Haapsches, vum Kinossall an de Ratskeller vum Cercle Cité, wou bis den 11. Februar déi excellent Ausstellung vum CNA iwwert d'Filmdekoren zu Lëtzebuerg ze gesinn ass. Direkt rechts hannert der Entrée kann een duerch déi spektakulär Rekonstitutioun vum faméise Venedeg Dekor trëppelen, dee virun 20 Joer op "Terres Rouges" opgeriicht gouf. Laanscht dem Hannah Arendt säi Büro geet et da weider an dee méi pedagogeschen Deel vun der Ausstellung, fir deen ee sech muss méi Zäit huelen. Hei ginn all d'Beruffer aus dem Filmbusiness virgestallt, wat zugläich och en Hommage ass un all déi Leit, déi zu Lëtzebuerg hannert de Kulissen schaffen, fir e Film op den Ecran ze bréngen. Schued just, dass besonnesch bei dësen Deel, wéi iwwregens bei der ganzer Ausstellung, alles exklusiv op Englesch ass, ausser dem Programmheft. Eng falsch Decisioun fir ons, hei zu Lëtzebuerg, och wann op de Filmsetten majoritär Englesch geschwat gëtt. Ganz attraktiv ass da weider déi Risekaart vum Land, mat all deene Plazen, déi als Dekore fir aner Lieuen an der ganzer Welt, benotzt goufen, sief dat Paräis, Wien, oder New York. Des Filmer hätt ee villäicht e bëssen an e Kontext kënne setzen. Ganz vill vun deene Produktiounen hu nämlech kaum Spueren an der Filmgeschicht hannerlooss, fir et fein auszedrécken, a vill goufen och an den Ufäng vun der Lëtzebuerger Filmproduktiounsgeschicht gedréint. Den net initiéierten Visiteur, ka sech awer op d'Spill aloossen, a versichen, déi Filmer erauszefannen, déi hien eventuell kennt. Dat wäert wuel méi einfach sinn, am leschten Deel vun der Ausstellung, dee weist wéi Lëtzebuerger Landschaften a natierlech Dekoren an de nationale Produktiounen agesat goufen.Näischt ewéi hin an de Cercle Cité!

Communiqué

Bad Luck Banging or Loony Porn, une coproduction luxembourgeoise, remporte l'Ours d'or à la 71e Berlinale (05.03.2021)

Communiqué par: Fonds national de soutien à la production audiovisuelle

Le long-métrage du réalisateur roumain Radu Jude a reçu aujourd'hui l'Ours d'or du meilleur film au 71e Festival de Berlin honorant ainsi la société luxembourgeoise Paul Thiltges Distributions qui a coproduit Bad Luck Banging or Loony Porn avec la Roumanie, la République tchèque et la Croatie.

Paul Thiltges et Adrien Chef ont notamment assuré, en partenariat avec les studios Philophon et Espera Productions, la post-production image, son et effets spéciaux du film.

C'est la première fois qu'une coproduction avec le Luxembourg gagne la plus prestigieuse récompense décernée par le Festival de Berlin, mettant ainsi en évidence le triomphe de la qualité artistique du cinéma européen.

Le film sera projeté le 10 mars au Kinepolis lors de la 11e édition du Luxembourg City Film Festival dans le cadre du programme Films made in/with Luxembourg et disponible le 11 mars dans la version online du festival.

En raison de la crise sanitaire, la Berlinale se tient cette année en deux temps. Le Marché européen du film et la compétition officielle se déroulent en ligne depuis le 1er mars jusqu'à aujourd'hui, jour de l'attribution des derniers prix par le jury international. Les films récompensés seront ensuite présentés au public du 9 au 20 juin dans le cadre d'un événement spécial.

Synopsis: Suite à la diffusion d'une vidéo d'une enseignante ayant des relations sexuelles avec son mari, les parents d'élèves convoquent une réunion. Le film explore la confusion intellectuelle, morale et politique de nos sociétés contemporaines, en particulier dans l'Europe de l'Est post-totalitaire.