6 Filmer stinn um Luxembourg City Film Festival um Programm vun der Dokumentarfilm-Competitioun.

D'Filmer lafe souwuel dës Woch nach a vereenzelte Seancen an de Stater Kinoen un, ma si kënnen awer och um Internetsite vum Festival online gekuckt ginn.

Mat senger Selektioun vu 6 engagéierte Dokumentarfilmer léisst de Luxembourg City Festival seng Spectateuren esouwuel an der Zäit wéi uechter d'Welt reesen, a gëtt an engems en déiwen Abléck an dat mënschlecht Wiesen.

Am "Gevar's Land" léist e syresche Refugié sech zu Reims nidder a versicht do Fouss ze faassen, andeems hien e Geméisgaart ënnerhält. Am "Songs of Repression" mussen d'Awunner vun enger Däitscher Kolonie am Chile sech mat enger traumatiséierender Vergaangenheet ausenanersetzen, wärenddeem am "Once upon a time in Venezuela" am Duerf vu Congo Mirador um Séi Maracaibo d'Awunner sech op kontroverséiert Wale virbereeden.

Am ganz originelle Wierk "The Metamorphosis of Birds" kënnt déi portugisesch Realisatrice Catarina Vasconcelos op d'Dreem an d'Erënnerunge vun hire Virfaren zeréck an am "Nemesis" kuckt den Thomas Imbach mat senger Kamera 7 Joer laang duerch déi nämmlecht Fënster eraus op d'Zürecher Gare. Eng Gare, déi zerstéiert gouf a duerch de Chantier vun engem neie Prisong ersat gouf.

Zum Schluss dann en Documentaire, dee sech wéi e spannenden Detektivfilm kuckt. Am "The Mole Agent", deen op der Shortlist vun den Oscar-Nominatioune vertrueden ass, dréit alles sech ëm en 83 Joer ale pensionéierte Wittmann, deen zum onerwaarte Spioun an engem Altersheem gëtt.