Isaiah Wilson, Jeff Deischter a Gilles & Kiko: Dat ass de Podium beim groussen Talent-Content "Wanns de eppes kanns" vun RTL Télé Lëtzebuerg.

De Samschdeg, 4. Abrëll stoung déi grouss Finale um Programm. Vun den 160 Kandidaten, déi bei der éischter Ronn mat dobei woren, hunn der 11 et bis an d'Finale gepackt. Dorenner woren 10 Finalisten an ee Lucky Loser, deen - nodeems d'Jury en an der éischter Ronn erausgewielt hat - vum Public nach eng Kéier gerett gouf. Si all hunn de Samschdegowend nach eemol virum Public am groussen RTL-Studio gewisen, wat si drop hunn.

De Jury vun der Finale huet sech zesummegesat aus: Sylvia Camarda, Pierre Dillenburg an Daniel Küblböck, beschtebekannte Kandidat aus der éischter Staffel vun "Deutschland sucht den Superstar" (DSDS).

Natierlech hu si e Wuert matgeschwat, mee Stëmmrecht hate si keent. D'Entscheedung haten eenzeg an alleng d'Spectateuren an der Hand - an zwar wuertwiertlech, well si hunn decidéiert per SMS.

RTL

Am meeschten iwwerzeege konnt d'Breakdance-Show vum Isaiah Wilson vu Biissen. Dat 11 Joer jonkt Talent dierf sech elo op d'Päischtcroisière - inklusive groussem Optrëtt - freeën. Op d'Plaz 2 koum de Jeff Deischter aus Buerglësnter, dee mat sengem Mond Musek maache kann, an déi 3. Plaz war fir den Duo Gilles & Kiko, zwee Museker vu Uewerkäerjeng.

D'Organisatioun wor och zefridden doriwwer, dass d'Finale vu "Wanns de eppes kanns" ouni Pannen iwwert d'Bühn gaangen ass. De Steve Schmit, Station Manager bei der Télé, wor positiv iwwerrascht, wéi vill Leit dobaussen de Samschdegowend matofgestëmmt hunn.