Déi organiséiert de Lëtzebuerger Historiker zesumme mam Musée nationale de l’histoire et de l’art.

E Sonndeg um Programm: de Boulevard Emmanuel Servais net wäit vum Glacis.

Mat engem Grupp vun 10 Leit ass den Historiker virum Stater Theater lassgaangen. Et goung Richtung Boulevard Emmanuel Servais. Hei huet den Historiker de Grupp matgeholl op eng Rees an d’Lëtzebuerger Geschicht.

"Do hu Leit gewunnt aus der Bourgeoisie, déi sech och zesummegedoen hunn ëm zwee Architekten, dat eent war de Gustav Shopen, dat anert de Georges Traus, déi och zesummegehalen hunn, fir d'Monument vun der Gëlle Fra opzeriichten.", huet de Robert L. Philippart erkläert.

Hei hannert de Beem verstoppt gesäit een d’Villaen, déi tëscht 1915 an 1925 gebaut goufen. Nieft deene wichtege Leit déi hei gewunnt hunn, fënnt een och zwou Ambassaden. Ursprénglech sollt hei awer eppes ganz Aneres stoen.

"Dat ass e Site gewiescht, dee war fir d'éischt fir eng Baraque du Cholera no der Festungszäit virgesinn, bis dann hin zum Bau vun engem Musée, engem Kuer Hotel bis dann 1906 d’Strooss gezu gouf um Boulevard Servais a sech do da finalement decidéiert gouf, e bësse wéi um Boulevard Joseph II Villaen ze bauen, deenen hir Gäert direkt un d’Gäert vun der Fondation Pescatore ugeschloss sinn."

D'Demande, fir bei dëser Visitt matzegoen, war grouss. Wéinst dem Covid sinn d’Plazen awer begrenzt. Ma deene Leit, déi mat waren, hat et gutt gefall.

"Super einfach. Dat mécht sou vill Spaass, ech sinn all Mount dobäi an et léiert een ëmmer bäi."

"Also ech sinn ëmmer ganz frou, déi Visitte matzemaachen, déi sinn ëmmer super interessant. Den Här Philippart, dee gëtt ëmmer ganz vill Informatiounen, déi ee guer net kennt. Et léiert een och mol nei Plaze kennen. Et ass wierklech eng Freed, et ass bësse Vakanz hei am Land."

No de Villaen um Boulevard Servais ass dann nächste Mount eng Visitt vum Haaptwuecht.