Den OAI huet zesumme mat der ASBL da Vinci an der ASBL Art Contemporain d'Gewënner vun der éischter Editioun annoncéiert.

Lancéiert gouf de Concours wärend der Pandemie. 19 Kandidature goufen eragereecht, 17 goufen der zeréckbehalen.

E Mëttwoch den 3. Mäerz ass de Jury ënnert der Presidence vun der Architektin Marie Lucas zesummekomm, fir de gléckleche Gewënner ze designéieren. Schlussendlech ass de Choix op d'Kënschtler Filip Markiewicz ("Klangkörper") an d'Hisae Ikenaga ("Reproduction d'éléments") gefall.

D'Präisgeld ass op 10.000 Euro TTC pro Gewënner dotéiert.

An der Jury souzen: Su-Mei Tse, Trixi Weis, Christian Mosar, Josée Hansen, Marie Lucas, Gilles Christnach, Danielle Igniti, Claudine Hemmer, Alex Reding a Pierre Hurt.