D’Sophie Medawar ass eng plastesch Kënschtlerin, déi mat verschiddene Materialie schafft.

No multipelle Biennalen an Indien a Kollektivausstellungen zu Lëtzebuerg stellt si elo hir éischt Solo-Ausstellung am Centre d'Arts zu Diddeleng aus.

D'Sophie Medawar beschäftegt sech mat Fraen an Tabu-Themen an hirer Konscht. Sou huet si dann och hir éischt Solo-Ausstellung no enger bekannter literarescher Figur benannt: dem Scheherazade. Dat ass d'Erzielerin aus dem Klassiker „1001 Nacht". Der Kënschtlerin no wier dëst nämlech e Charakter, dee souwuel Mann wéi Fra kéint mat hirem Courage a mat hire Geschichten inspiréieren.

Obschonns dëst hir éischt individuell Ausstellung ass, ass d'Sophie Medawar awer keen neit Gesiicht an der Lëtzebuerger Kënschtler-Zeen. Iwwer déi lescht Joren huet si u villen nationalen awer och internationalen Ausstellunge matgewierkt. Sou kann een och an dëser Ausstellung dat eent oder anert bekannt Stéck rëmgesinn, wéi zum Beispill d'Dier vum Beichtstull, dee si 2018 an Indien ausgestallt huet oder de fäerdege Video vun der Käerzinstallatioun, un där si virun 2 Joer geschafft huet.

"Scheherazade 3.0" kann een nach bis den 11. Abrëll an de Centre d'Arts zu Diddeleng kucke goen.