Zanter 100 Joer gëtt et zu Diddeleng eng lokal Bibliothéik, eng laang Zäit, an där sech d'Gewunnechte vun de Leit och staark verännert hunn.

An awer d'Bibliothéik mat hiren Dausende vu Bicher an e-books huet dee Wandel gutt iwwerstanen. Romaner a Kannerbicher zum Beispill hunn näischt u Beléiftheet agebéisst.

Zanter 2003 ass d'Diddelenger Bibliothéik um Eck vun der Rue du Commerce doheem. Am September 1918 gouf am Diddelenger Gemengerot d'Decisioun geholl, eng Bibliothéik ze grënnen. An deenen 100 Joer, wou et si gëtt, goufen et bis ewell 4 haaptberufflech Bibliothekären.

1921 gouf d'Bibliothéik offiziell ageweit. Mat 2.600 Bicher huet alles ugefaangen. 20 Joer méi spéit hat een d'Wiel ënner 10 Dausend Bicher. Haut huet dës Zuel sech méi ewéi verdräifacht. Hautdesdaags kann ee sech d'Bicher selwer aussichen (aktuell ass dat wéinst der Covid-19-Pandemie net méiglech. D'Mataarbechter vun der Bibliothéik ginn d'Bicher op Ufro sichen). Fréier war dat net de Fall.

600 Meter Carré grouss ass déi aktuell Bibliothéik zu Diddeleng. 1.400 ageschriwwe Lieser huet si aktuell a ronn 15 Dausend Bicher goufen d'lescht Joer ausgeléint. Par Rapport zur Nationalbibliothéik huet eng Gemengebibliothéik eng aner Aufgab vis-à-vis vun den Awunner.

Zanter 20 Joer ginn och Ateliere fir a mat de Kanner an dëser regionaler Bibliothéik organiséiert. Zil ass et ënnert anerem, de Kanner d'Angscht virum Liesen ze huelen.