De brittesche Schauspiller huet ënnert anerem am "Harry Potter and the Half-Blood Prince" an am James-Bond-Film "Quantum of Solace" matgespillt.

En Dënschdeg koum déi traureg Nouvelle, dass de Paul Ritter un de Suitte vun engem Gehiertumor gestuerwen ass. Hie gouf just 54 Joer al. Bekannt gouf den Acteur duerch seng Roll als Eldred Worple am 6. Deel vun den Harry-Potter-Filmer.

An engem Statement vu sengem Agent, deen an der brittescher Zeitung "The Guardian" verëffentlecht gouf, steet ze liesen: "Mat grousser Trauer kënne mir confirméieren, dass de Paul Ritter lescht Nuecht gestuerwen ass. Hien ass friddlech Doheem mat senger Fra Polly a senge Bouwe Franky an Noah u senger Säit verscheet." Donieft huet den Agent
a senger Matdeelung ënnerstrach, dass hien en aussergewéinlech talentéierte Schauspiller war, deen eng enorm Villfalt u Rollen op der Bün an op der Leinwand spille konnt. "Hie war immens intelligent, frëndlech a super witzeg. Mir wäerten hie vill vermëssen".

Wärend senger Karriär huet hien un enger Abberzuel Film- a Fernseeproduktioune matgewierkt, dorënner d'HBO-Miniserie "Chernobyl", "Nowhere Boy", "The Game", "Hannibal Rising" an "The Walking Dead". Och am Theater huet de Ritter säin Talent reegelméisseg ënner Beweis gestallt a gouf 2009 fir seng Roll am Stéck "The Norman Conquests" fir en Tony nominéiert.