D'Expo bitt en Iwwerbléck iwwer de Räichtum vum graphesche Schafen hei zu Lëtzebuerg.

Vu Radéierunge vum Frantz Kinnen iwwer Aquatinte vum Roger Bertemes bis hin zum moderne Printmaking vum Pit Molling: D' Selektioun vun de Wierker, déi een an dëser Duebelausstellung entdecke kann, mécht däitlech, wéi villfälteg d'Konscht vun der Drockgrafik ass.

Zu deene 84 gréisstendeels Lëtzebuerger Kënschtler a Kënschtlerinne gehéiert och d'Diane Jodes, déi mat deene verschiddensten Technike schafft. Wat si un der Drockgrafik am meeschte reizt, ass deen direkte Kontakt mam Material.

Déi 170 Wierker stamen aus der Sammlung vum MNHA, de Bestänn vun der Nationalbibliothéik a vum Drockatelier Empreinte.

Wéi den Titel et schonns verréit, beschäftege sech déi bis zu 75 Joer al Grafike mat der Duerstellung vun der mënschlecher Figur.

Am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht (MNHA) gi Portraiten, Abstrakt Duerstellungen an Nue presentéiert. An der Nationalbibliothéik kann de Visiteur da Grafiken zu den Themen „De Kierper a Beweegung" an „De Mënsch a Gesellschaft" entdecken.

Aarbechtsmaterial, dorënner Skizzen a Supporten, erméiglechen et dem Visiteur, déi verschidden Technike besser ze verstoen.

D'Wierker an der BnL kann ee just nach bis den 18. Abrëll gesinn. Am MNHA leeft d'Ausstellung awer nach bis de 27. Juni.

Am Kader vun dëser Ausstellung, organiséieren den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an d'Nationalbibliothéik och geféiert Visitten, Virträg a Kënschtler-Workshoppen.

En zweesproochege Katalog, deen d'Ausstellung "Figure in Print" zesummefaasst, kritt een an diverse Librairien an am Online Shop vum Musée op www.mnha-shop.lu ze kafen.