Am Mäerz hunn d’Dréiaarbechte fir déi zweet Staffel vun der Lëtzebuerger Krimi-Serie "Capitani" ugefaangen. Gefilmt gëtt dës Kéier an der Haaptstad.

D’Geschicht spillt sech nämlech am Garer Quartier of – an engem Milieu tëscht Drogekriminalitéit a Prostitutioun.

An den neien Episoden wäert et nees ëm den Enquêteur Luc Capitani goen, deen no dräi Joer aus dem Prisong entlooss gëtt.

Nieft den Haaptrollen aus der éischter Staffel wäerten awer och puer nei Gesiichter opdauchen: ënnert anerem den Tommy Schlesser an André Jung. A wéi enge Rollen mir d’Lëtzebuerger Acteuren wäerte gesinn a wéi d’Tournagen an Zäite vu Corona oflafen, erzielt den Tommy Schlesser am Interview mam Raoul Roos.

Déi éischt Staffel vum “Capitani” ass jo zanter Februar op der Streaming-Plattform Netflix ze gesinn an huet et souguer bis an hir Top 10-Lëscht vun de Serien gepackt. Ob och déi zweet Staffel iwwerholl gëtt, ass den Ament nach net gewosst.

RTL

*D'Biller vum Making Off - Staffel 2 vu Capitani goufen RTL zur Verfügung gestallt vun DiviDante.