D’Realisatioun vun der Chineesin Chloé Zhao hat och schonn e Golden Globe gewonnen an ass 6 Mol fir en Oscar nominéiert.

D’Frances McDormand krut e Sonndeg den Owend an der Londoner Royal Albert Hall och fir hir Haaptroll an"Nomadland" de Bafta als bescht Schauspillerin. Donieft gouf et Präisser fir déi bescht Regie an déi bescht Kamera.

Den Award fir de beschten Acteur krut den Anthony Hopkins fir seng Roll am Film "The Father". An dësem Familljendrama spillt hien en demenzkranke Papp. Déi brittesch Regisseurin Emerald Fennell gouf fir hiren Debutfilm "Promising Young Woman" mat zwee Präisser belount, dorënner fir dat bescht Dréibuch. Och dëse Thriller ass direkt an e puer Kategorië fir en Oscar nominéiert.

Déi "British Academy of Film and Television Arts" huet sech dëst Joer ëm méi Diversitéit beméit. D'Chloé Zhao war eng vu véier Fraen, déi an der Kategorie "bescht Regie" nominéiert war. D'lescht Joer war staark kritiséiert ginn, dass keng eenzeg Fra ënnert den Nominéierte war.

Den Erfolleg vun "Nomadland" war fir eng Partie Leit awer eng Iwwerraschung, well um éischten Dag vun der Zeremonie hat sech de Film "Ma Rainey's Black Bottom" zum Favorit entwéckelt. Mam Triumph bei de Bafta-Awards huet de Sozialdrama elo awer seng Favoritteroll fir d'Oscaren de 25. Abrëll gefestegt. E Samschdeg hat zu Hollywood schonn d'"Directors Guild of America" (DGA), an där d'US-Regisseuren zesummegeschloss sinn, "Nomadland" an der Kategorie "beschte Film" ausgezeechent. Och dës Präisser sinn e wichtegen Indicateur fir d'Oscar-Nuecht.