Fans vun der Kultserie "Friends" hunn ongedëlleg drop gewaart, elo sinn d'Dréiaarbechte vun der "Reunion" ofgeschloss.

Dräi Deeg laang stoungen déi sechs bekannten Duersteller aus dem Original - Jennifer Aniston, David Schwimmer, Courteney Cox, Matt LeBlanc, Lisa Kudrow a Matthew Perry - fir de Special vum Streamingdéngscht HBO Max op dem Site vu Warner-Brothers-Studios virun der Kamera, dat Ganzt mat engem Live-Publikum. Deels ass och op der selwechter Bün gespillt gi wéi deemools.

"Friends" gouf tëscht 1994 an 2004 gedréit a krut eng ganz Rei Präisser. Déi fréier Staren hate sech all bereet erkläert, bei dësem eemolege Comeback vum Joey Tribbiani, Chandler Bing, Monica Geller, Rachel Green, Ross Geller a Phoebe Buffay matzewierken. Jidderee vun hinnen soll dem Brancheblat "Variety" no dofir 2,5 Milliounen Dollar (2,3 Milliounen Euro) Gage kréien. D'Sitcom ass och haut, iwwer 15 Joer no hirem Enn, nach ëmmer immens beléift.

An der "Reunion"-Folleg wäert sech d'"Friends"-Originalbesetzung zesumme mam Marta Kauffman an David Crane, déi d'Show erfonnt hunn, un déi beléifte Serie zréckerënneren an hir Zäit um Set Revue passéiere loossen. Eigentlech hätt d'Vereenegung schonn am Mäerz 2020 iwwer d'Bün goe sollen. Wéinst der Pandemie hunn d'Dréiaarbechten awer méi wéi eng Kéier musse verréckelt ginn.

E Sonndeg dunn hunn d'Produzenten offiziell op Instagram matgedeelt, dass de Special an der Këscht ass. Wéini en diffuséiert gëtt, ass allerdéngs nach net gewosst. Eventuell ee Joer méi spéit wéi am Ufank geplangt, an dat wier de Mee 2020 gewiescht.