Déi lëtzebuergesch Produktioun "Collective" ass 2 Mol fir en Oscar nominéiert. An der Debatt nom Film gëtt iwwer Korruptioun diskutéiert.

Am Kader vun de LUX-Filmdeeg presentéieren de Büro vum Europäesche Parlament an d'Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, an Zesummenaarbecht mat dem IPW (Institut Pierre Werner), en Donneschdeg, den 22 Abrëll um 19.00 Auer am Kinepolis Kierchbierg déi rumänesch-lëtzebuergesch Produktioun "Collective" ("Kollektiv - Korruption tötet"). Nom Film gëtt eng Debatt iwwer Korruptioun an d'Bedeitung vu Pressefräiheet an Europa organiséiert, déi vum Regisseur a Filmproduzent Yann Tonnar moderéiert gëtt. Un der Diskussiounsronn bedeelege sech d'EU-Deputéierten Isabel Wiseler-Lima (CSV/EVP), de Regisseur Alexander Nanau an de Produzent Bernard Michaux (SAMSA). Béid Filmleit ginn am Virfeld vun der Oscar-Zeremonie via Zoom zougeschalt.

"Collective" vum Alexander Nanau, realiséiert ënnert anerem vu Samsa Film, ass an zwou Kategorie fir en Oscar nominéiert ("Beschten Dokumentarfilm" a "Beschten internationale Film") an donieft zesumme mat de Filmer "Der Rausch/Another Round" vum Dän Thomas Vinterberg an dem polnesche "Corpus Christi" vum Jan Komasa an der Course ëm de LUX-Publikumspräis 2021. Dës Auszeechnung gëtt dëst Joer fir d'éischte Kéier vum Europäesche Parlament an der European Film Academy (EFA) zesumme mat der Europäescher Kommissioun, Europa Cinemas an dem Institut Pierre Werner presentéiert.

Et geet drëms, och an Zukunft Brécke vun der Verstännegung an Europa ze bauen, andeems Filmer an de Fokus geréckelt ginn, déi den ëffentlechen Debat an Europa matten an d'Häerz treffen. Mat dësem Präis soll d'Politik de Bierger e Stéck méi no bruecht ginn. Déi europäesch Spectateure selwer kréien d'Méiglechkeet, bis den 23. Mee Deel vun der Jury op www.luxaward.eu ze sinn a fir hire Liblingsfilm ofzestëmmen.

Gratis Billjeeë fir "Kollektiv - Korruption tötet" den 22. Abrëll kritt een hei. De Film souwéi och "Corpus Christi" kënne vum 19. Abrëll 18.30 Auer bis den 29. Abrëll 23.59 Auer online gestreamt ginn.

RTL Zwee an RTL Play weisen de Film e Sonndeg, de 25. Abrëll um 20.00 Auer am Original mat däitschen Ënnertitelen. Duerno ass de Replay (3 Versiounen, mat franséischen, däitschen oder engleschen Ënnertitelen) e puer Deeg am Play ze gesinn. 

Aus dem Pressecommuniqué

Hintergrund zu "Kollektiv - Korruption tötet"

Handlung: Im Jahr 2015 bricht ein Feuer im Bukarester Club „Colectiv" aus. 27 Menschen kommen ums Leben, 180 werden verletzt. Schon bald darauf sterben weitere Brandopfer in Krankenhäusern an Wunden, die nicht lebensbedrohlich waren. Schließlich berichtet eine Ärztin einem Team investigativer Journalisten von großen Missständen. Eine Enthüllung folgt auf die nächste: Die Journalisten decken massiven Betrug im Gesundheitswesen auf. Als ein neuer Gesundheitsminister ernannt wird, gewährt er beispiellose Einblicke in seine Bemühungen, das korrupte System zu reformieren, aber auch in die Hindernisse, auf die er stößt. KOLLEKTIV – KORRUPTION TÖTET begleitet Journalisten, Informanten, Brandopfer und Regierungsbeamte und wirft einen kompromisslosen Blick darauf, was Enthüllungsjournalismus vom Feinsten leisten kann.