De Fonds Belval huet seng nei kulturell Saison lancéiert. Bis den 31. Oktober gëtt e Programm gebueden.

Dozou gehéiere Visitten, mat Guide oder ouni, vum Héichuewen a vun der Cité des Sciences, an awer och eng Rei aner Aktivitéiten. Donieft ass d'Ausstellung mam Titel "La Cité des Sciences", déi op d'Geschicht vun der Ëmwandlung vun den Industriefrichen um Belval an de Bau vun der Cité des Sciences ageet, an engem neien Espace ze gesinn.

Am Kalenner ukräize kann ee sech elo schonn de 24. Abrëll fir d'"Nocturne de Printemps". De 15. a 16. Mee sinn Aktivitéiten am Kader vun de "Luxembourg Museum Days" geplangt, an de Weekend vum 3. a 4. Juli ass dat grousst Fest vun den Héichiewen.

All weider Informatioune fannt Dir hei.