E puer kulturell Rendez-vouse fir déi nächst Deeg.

LuxCon 2021 17.-18.4. op luxcon.lu

D'Science Fiction & Fantasy Society Luxembourg invitéiert all Fans, Geeks an Nerds op d'Lux-Con a gëtt hinnen d'Méiglechkeet hir Liblingsbicher, Shows, Spiller, Filmer an de Beräicher Science Fiction, Fantasy an Horror ze feieren.

An de leschte Jore konnt d'Lux-Con iwwer 5000 Visiteure ëmfänken. Duerch déi aktuell Pandemie muss d'Editioun 2021 online organiséiert ginn iwwer e Streamingprogramm aus der Abtei Neimënster.

Mat derbäi sinn d'Science Fiction a Fantasy Schrëftsteller Peter V. Brett a J.S. Dewes,  Jason Durall, ënner Nieft ville lokalen, regionalen an internationale Gäscht, sinn ë. a. d'Science Fiction a Fantasy Schrëftsteller Peter V. Brett a J.S. Dewes oder den Jason Durall derbäi.

D'Lux-Con ass den 17. & 18. Abrëll tëscht 10 an 18 Auer. An der Abtei Neimënster ass och eng Ausstellung ze gesinn.

Fir d'Kulturjoer gouf d‘LuxCon als Eurocon 2022 ausgewielt, also als europäesch Science Fiction Convention.

Expo "In-Corpo-Ration" Anna Recker & Jhemp Bastin zu Tréier

RTL

© Jhemp Bastin

D'Lëtzebuerger Kënschtler Anna Recker a Jhemp Bastin stellen den Ament hir Wierker zesummen an der Galerie Palais Walderdorff zu Tréier aus. Et ass déi éischt Ausstellung, déi d'Galerie zënter dem Lockdown weist.

De Choix d'Molerin Anna Recker an de Sculpteur Jhemp Bastin zesummen auszestellen bitt eng gutt Symbios tëscht hire ganz ënnerschiddleche Genren an Techniken: op där enger Säit d'Tabloe, déi mat Acryl a Kräid geschaf goufen a bei deenen d'Faarf Blo dominéiert, an op der aner Säit, déi markant d'Skulpturen, déi dat waarmt Holz mat schwaarzer Faarf verbannen.

D'Ausstellung leeft nach bis den 7. Mee an ass donneschdes bis samschdes op.

RTL

© Jhemp Bastin

LiteraTour Beetebuerg 18. - 30.4.

"13 Deeg voller Faarwen, Dreem, Spannung a Reesen an eng aner Welt... dat ass d'Welt vum LiteraTour Beetebuerg 2021". Et gi Liesungen, Filmer, Manisfestatioune fir Grouss a Kleng, alles Corona-konform a fir all Manifestatioun muss ee sech am Virfeld umellen.

Um éischten Dag geet et lass mat enger Liesmatinée Crémant-Mélange mam de Schrëftstellerinnen Getraud Klemm ("Hippocampus") an Nora Wagener "Alle meine Freunde".

Um 17.00 Auer ass e Gespréich mam Auteur Romain Butti ënnert dem Motto "Berlin – The End – Erop" an um 19.30 liest de Guy Rewenig aus "Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch".

Ausserdeem: Open-Air-Ausstellung "Konscht a Park" mat Wierker vun 18 Kënschtler, e RallyteraTour an de Bicherkueb.  D'Kannerliesung "D’Sandmeedchen, déi kleng Prinzessin an de Gubi" um Programm ass ausverkaf.

RTL

© LiteraTour Beetebuerg

Lundi littéraire mam Narcisse Dovenan 19.4. am Wok zu Déifferdeng

Am Kader vum "Lundi littéraire" invitéieren d'Bibliothéik vun Déifferdeng an de Service à l'égalité des chances op en Owend mam Auteur Narcisse Donevan iwwer "Parcours et détours migratoires jusqu'au Grand-Duché de Luxembourg".

Originaire aus dem Bénin, schafft den Narcisse Donevan no Etuden an Däitschland a Frankräich, als Bibliothécaire am Centre de documentation sur les migrations humaines zu Diddeleng.

D'Migratioun ass en Thema, dat hie ganz besonnesch intresséiert.

"En réalité, chaque trajectoire migratoire étant unique en son genre et propre à chaque individu ou à chaque famille, la mienne est racontée depuis ma patrie natale, le Bénin, jusqu’au Luxembourg après mes différents séjours en Allemagne, en France et au Bénin. Le récit d’un parcours migratoire assez original et émouvant qui a connu des péripéties et des rebondissements. Une trajectoire migratoire qui m’a conduit jusqu’au grand-duché du Luxembourg."

RTL

D'Liesung ass um 19h30 am Wok (1535 Creative Hub - Bâtiment A) zu Déifferdeng.