Den italieenesche Schauspiller a Realistateur gëtt bei den 78. Filmfestspiller vu Venedeg (1.-11. September) mat engem "Lion d'Or d'honneur" geéiert.

"Zanter sengem Debut huet sech de Roberto Benigni an der italieenescher Ënnerhalungsbranche als Referenzfigur etabléiert, wéi ee se soss net fënnt", sot den Direkter vun der Mostra di Venezia, Alberto Barbera, en Donneschdeg. Hie géif mat Freed a Passioun spillen an hätt sech vum aussergewéinlech komeschen Acteur zu engem Realisateur entwéckelt, deen an der Lag wier, Filmer mat grousser Publikumswierkung ze maachen.

Den 68 Joer ale Roberto Benigni selwer freet sech iwwer déi grouss Éier, dës wichteg Auszeechnung fir seng Aarbecht ze kréien. International bekannt ginn ass hie virun allem duerch den tragesch-komesche Film iwwer den Holocaust "La vita è bella" (1997), deen direkt an e puer Kategorien den Oscar krut.